Artikel vun der Woch
|
D'Mustiken (Culicidae) sinn eng Famill vun Insekten an der Uerdnung vun den Diptera (mat zwéi Flilleken). An Europa gëtt et 104 Aarten, vun deenen déi meescht och a Mëtteleuropa ze fanne sinn. Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell 28 verschidden Aarten identifizéiert. Weltwäit gëtt et méi wéi 3.670 Mustikenaarten. Et gëtt der bal iwwerall; si feele just an der Antarktis an op e puer isoléierten ozeaneschen Inselen, wéi z. B. Island. Besonnesch grouss suppeg Gebidder, wéi een s'an der d'Tundra an an der Taiga fënnt, sinn ideal Bruttplaze fir Mustiken.
Erwuesse Mustiken si feingliddereg Insekte mat zwéi Flilleken, déi seele méi grouss wéi 15 Millimeter ginn. Hir Gréisst ass ofhängeg vun der Aart, si gëtt awer och vun der Ernierung an hiren Entwécklungsstadie beaflosst. Hir Flilleke bestinn aus feinem, hautaartegem Geweebe, deelweis mat Schuppe beluecht, a wéi all d'Dipteren hu si zwou Halteren (Schwéngkolben). Hir Antenne si mëttellaang a villgliddereg, si hunn e Stiechrüssel ongeféier vun der selwechter Längt, e schlanke Kierper a laang Been. Mustike weien ongeféier 2 bis 2,5 Milligramm.... > méi
Archiv
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- ... dat éischt Liewewiesen, dat vun der Äerd an de Weltall geschéckt gouf, wuertwiertlech eent war, "dat billt"?
- ... Iechternach 1886 als éischt Stad zu Lëtzebuerg eng elektresch Beliichtung krut?
- ... den Albert Biever aus dem Rollengergronn 1904 zu New Orleans eng Universitéit gegrënnt huet?
- ... d'Mathilde zanter dem Bestoe vun der Belsch déi éischt Kinnigin ass, déi do am Land gebuer gouf?
Archiv
|
|
|
|