Wikipedia:WikiProjeten

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

WikiProjete sinn thematesch oder zäitlech begrenzt Themegebidder, un deene méi Leit strukturéiert schaffen. Dat kann d'Schafe vun Artikelen iwwer e bestëmmte Sujet sinn, oder awer d'Opsetzen oder d'Ännere vun Artikelen am Kader vun engem bestëmmten Evenement, wou et besser ass, dat zu méi ze maachen.

Bis ewell ginn oder gouf et Wikiprojeten zu dësen Themen:

  • WikiProjet National Monumenter: D'Lëscht vun de klasséierte Monumenter zu Lëtzebuerg op der Wikipedia refletéieren, Informatiounen a Biller dozou zesummestellen an den internationale Concours Wiki Loves Monuments begleeden;
  • WikiProjet Gemengen: Sécherstellen, datt sämtlech Säiten a Strukturen de Fusioune vun de lëtzebuergesche Gemenge Rechnung droen;
  • WikiProjet Historiographen: Am Kader vun engem Seminaire op der Uni Lëtzebuerg Artikelen iwwer Historiographe schreiwen;
  • WikiProjet Lokalgeschicht: Am Kader vun engem Seminaire op der Uni Lëtzebuerg Artikelen iwwer lokalhistoresch Sujete schreiwen.
  • WikiProjet Comics: Am Kader vun engem Seminaire op der Uni Lëtzebuerg Artikelen zum Thema Comics/BDe schreiwen.