Haaptsäit

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Abléckleche WikiProjet: Nei Schreifweis 2019.

Artikel vun der Woch

Excavations at a Gallo-Roman Villa6.jpg

D'Iwwerreschter vun der Réimervilla vu Giewel, am Bëschelchen Miecher tëscht Giewel, Simmer a Nouspelt, goufen 1964 vum Georges Kayser entdeckt. No sengem Doud hunn D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher, eng Ekipp vu Fräiwëllegen, d'Ausgruewungen, déi hien ugefaangen hat, weidergefouert. Bis haut sinn op där 5 Hektar grousser Plaz 7 stenge Gebaier an 2 Pëtzer fräigeluecht ginn. D'Villa louch laanscht enger klenger réimescher Niewestrooss vum Kiem vu Reims op Tréier.

D'Villa ass, an hirer Ufanksphas, en typescht Beispill vun engem gréissere galloréimesche Akerbau-Betrib aus der Provënz Gallia Belgica. Aner handwierklech Beruffer wéi Schräiner, Schmadd, Schouster a Kuelebrenner, sinn duerch Fondstécker oder Strukture beluecht. Austereschuelen, Pärelen, Tréierer Sprochbecher, Schlaangefuedemglas, Fënsterglas, Amphore mat spueneschem Wäin, Wandmolereie mat floralem Muster zeie vun engem gewësse Luxus.

Wärend der Zäit vun der Vëlkerwanderung goufen d'Gebaier um Enn vum 4. oder ufanks vum 5. Joerhonnert verlooss, a sinn dono zesummegefall... > méi

Aner Artikele vun der Woch

Wousst Dir schonn datt...

Degradation alfred dreyfus.jpg
  • … et am Kader vun der Affär Dreyfus, déi déi franséisch Ëffentlechkeet jorelaang polariséiert huet, 11 Joer gedauert huet, ier den Alfred Dreyfus nees rehabilitéiert gouf?
  • ... den Atomium zu Bréissel en Eise-Kristall an enger 165-milliardefacher Vergréisserung duerstellt?
  • …den Émile Reuter (1874-1973) dee Chamberpresident zu Lëtzebuerg mat bis ewell der längster Amtszäit war (vun 1926 bis 1958, ofgesi vun der däitscher Besatzungszäit)?

Archiv

Op engem 20. Oktober

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: ... den 20. Oktober...soss en Dag2021
Archiv

Kierzlech Verstuerwener

Gerd Ruge (2014)

E Bléck op...

Rodząca dafnia.jpg
… e Spezimen vun der Gattung Daphnia ("Waasserfléi"), am Gaang, Nowuess op d'Welt ze setzen.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen