Artikel vun der Woch
|
D'Iwwerreschter vun der Réimervilla vu Giewel, am Bëschelchen Miecher tëscht Giewel, Simmer a Nouspelt, goufen 1964 vum Georges Kayser entdeckt. No sengem Doud hunn D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher, eng Ekipp vu Fräiwëllegen, d'Ausgruewungen, déi hien ugefaangen hat, weidergefouert. Bis haut sinn op där 5 Hektar grousser Plaz 7 stenge Gebaier an 2 Pëtzer fräigeluecht ginn. D'Villa louch laanscht enger klenger réimescher Niewestrooss vum Kiem vu Reims op Tréier.
D'Villa ass, an hirer Ufanksphas, en typescht Beispill vun engem gréissere galloréimesche Akerbau-Betrib aus der Provënz Gallia Belgica. Aner handwierklech Beruffer wéi Schräiner, Schmadd, Schouster a Kuelebrenner, sinn duerch Fondstécker oder Strukture beluecht. Austereschuelen, Pärelen, Tréierer Sprochbecher, Schlaangefuedemglas, Fënsterglas, Amphore mat spueneschem Wäin, Wandmolereie mat floralem Muster zeie vun engem gewësse Luxus.
Wärend der Zäit vun der Vëlkerwanderung goufen d'Gebaier um Enn vum 4. oder ufanks vum 5. Joerhonnert verlooss, a sinn dono zesummegefall... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- … et am Kader vun der Affär Dreyfus, déi déi franséisch Ëffentlechkeet jorelaang polariséiert huet, 11 Joer gedauert huet, ier den Alfred Dreyfus nees rehabilitéiert gouf?
- ... den Atomium zu Bréissel en Eise-Kristall an enger 165-milliardefacher Vergréisserung duerstellt?
- …den Émile Reuter (1874-1973) dee Chamberpresident zu Lëtzebuerg mat bis ewell der längster Amtszäit war (vun 1926 bis 1958, ofgesi vun der däitscher Besatzungszäit)?
Archiv
|
|
|
|