Artikel vun der Woch
|
Den Uerdinger war en Autorail aus der Waggon-Fabrik Uerdingen, a vun deem et tëscht 1950 an 1971 am Ganze 1.492 Stéck, an zwou Baureien (VT 95 a VT 98) gebaut goufen. Dës liicht, zwee-achseg Gefierer sinn an den 1950er an Ufanks der 60er Joren och um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz gelaf.
Besonnesch bekannt war en op klenge Strecken an op der Atertlinn. Duerch säi kuerzen Achsenofstand vu 4,5 m sinn d'Schléi, déi beim Iwwerfuere vun de Schinneverbindungen entstane sinn, zimmlech direkt weidergeleet ginn, woufir den Uerdinger dacks Stuckeler vernannt gouf.
D'CFL huet 1951 10 VT 95 Autorailen an 10 VB-Remorquen a Betrib geholl, fir 8 Dampmaschinnen, 29 Persouneween an 8 Fourgonen z'ersetzen. Si kruten d'CFL-Nummeren Z 151 bis Z 160 an d'Remorquen Z 1051 bis Z 1060... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- …den Émile Reuter (1874-1973) dee Chamberpresident zu Lëtzebuerg mat bis ewell der längster Amtszäit war (vun 1926 bis 1958, ofgesi vun der däitscher Besatzungszäit)?
- ...déi gréisst lieweg Hai-Aart, de Walhai, deen iwwer 13 m laang ka ginn, sech vu Plankton erniert, an dofir fir de Mënsch ongeféierlech ass?
- ... de Film Autobahnraser op der Lëtzebuerger A13 gedréint gouf, ier déi fir den normale Verkéier opgoung, an déi dofir kuerzfristeg mat däitschen Autobunnsschëlter 'ëmdekoréiert' gouf?
Archiv
|
|
|
|