Haaptsäit

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Abléckleche WikiProjet: Nei Schreifweis 2019.

Artikel vun der Woch

D'Schëld E,18a weist den Ufank vun enger Vëlosstrooss zu Lëtzebuerg un
Eng Vëlosstrooss ass en Deel vun der ëffentlecher Verkéiersfläch, deen haaptsächlech fir de Vëlosverkéier geduecht, awer net exklusiv derfir reservéiert ass. Vëlosstroosse sinn haaptsächlech fir kleng Gemenge geduecht oder fir urbanistesch Situatiounen déi et net erlaben eng Vëlospist unzeleeën, well et ze enk ass.

Zu Lëtzebuerg gouf de Begrëff vun der Vëlosstrooss am Abrëll 2018 agefouert. Den Ufank an d'Enn vun der Vëlosstrooss si mat de Schëlter E,18a an E,18aa gezeechent.

De Verkéier ass do op 30 km/h limitéiert; d'Trajete vun de motoriséierte Gefierer déi do fueren, mussen um kierzte Wee gemaach ginn, se dierfen d'Cycliste weder iwwerhuelen, nach a Gefor bréngen oder se behënneren, a se musse stoe bleiwe wann et néideg ass. An der Vëlosstrooss ass et verbueden ze stationéieren, ausser wa speziell Plazen agezeechent sinn.

Och an der Belsch, an Holland, an Däitschland an an Éisträich ass dat Konzept ënnert dem Numm rue cyclable, fietsstraat oder Fahrradstraße bekannt... > méi

Aner Artikele vun der Woch

Wousst Dir schonn datt...

20150823 Berchem Rest area 012.jpg
  • … déi zwou Bensinnsstatiounen op der Aire de Berchem iwwer 300 Millioune Liter Brennes am Joer verkafen?
  • … de lëtzebuergeschen Ethnolog Edouard Conzemius (1892-1931) e Spezialist vun de Miskito- a Sumu-Indianer an Honduras an Nicaragua war?
  • ... fir de Bau vun der Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Esch-Belval) 1909 praktesch dee ganzen 92 ha groussen Escher Bësch ofgeholzt ginn ass?
  • ... d'Lise Rischard (geb. Meyer, 1868-1940) am Éischte Weltkrich den Englänner Informatiounen iwwer däitsch Truppentransporter an der Stater Gare zoukomme gelooss huet, andeems dës kodéiert an engem Fortsetzungsroman an der Zäitschrëft Der Landwirt publizéiert goufen?

Archiv

Op engem 31. August

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Germaine Damar
Méi iwwer: ... den 31. August...soss en Dag2021
Archiv

Kierzlech Verstuerwener

den Charlie Watts
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

Organic home-grown tomatoes - unripe to ripe.jpg
… méi oder manner zeideg Tomaten.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen