Wëllkomm!
![](https://webcf.waybackmachine.org/web/20161218225659im_/https://ltz.wordpress.org/files/2015/02/screenshot1.png)
Wëllkomm op der lëtzebuergescher Versioun vu WordPress!
D’Haaptziel vun dëser Iwwersetzung ass et, fir komplett lëtzebuergesch Websäiten mat WordPress kënnen opzesetzen. Dofir wäerten d’Prioritéite vun der Iwwersetzung um Front-end (d’Websäit un sech mam Kommentarberäich, de Formulairen, etc.) leien, an de Back-end (Admin-Beräich, Benotzer-Beräich) wäert eréischt vill méi spéit an Ugrëff geholl ginn.
Lëtzebuergesch Sproochepäck fir WordPress a fir d’Standardthemes Twenty Fifteen an Twenty Sixteen ginn et op der Downloadssäit.